Geschicht

DT Olympique Biwer 1960 – haut

De 15. Januar 1960 gouf de Biwer Dëschtennis ënnert dem Numm “Olympique-Biwer” gegrënnt.  15 Memberen waren de 15. Januar 1960 aktiv. 

Hei d‘Memberen am Joer 1960:

Fred BLESER ; Jos BRAUN ; Léo DOHM ; Josy FREICHEL ; Pierre FREICHEL ; Erwin KALMES ; Willy KNEIP ; Roger KREMER ; Paul LUX ; Jean MARX ; Lucien OLY ; Henri PESCHONG ; Albert SIMON ; CamilleSTEFFEN ; Jos STEFFEN.

An den éischten Joeren huet den Biwer Dëschtennis seng Partien am Café Peschong ausgedroen. Duerno goufen d’Partien am Gebai vun der Gemengeverwaltung ausgedroen bis dass d’Biwer Sportshaal gebaut gouf.

Bis 1974 huet den DTO Biwer mat enger Equipe gespillt.

Vun 1975 bis 1991 waren et zwee bis dräi Equipen. Spéider ass de Veräin dann ëmmer méi gewues.

Am Joer 1997 haten mir 13 Equipen déi bei der Féderation Luxembourgeoise de Tennis de Table (FLTT) ugemellt waren. (7 Seniors Equipen ; 1 Damen Equipe ; 3 Jeunes Equipen ; 2 MinimesEquipen)

Eis éischt Häerenéquipe ass nach 1990 an déi 5. Liga ugetrueden, an hun bis d’Éieredivisioungespillt, wou am Joer 1999 déi 4. Plaatz vun der Ofschlosstabell besaat gouf.

Am Joer 1995 gouf eis Minimes Equipe Vizelandesmeeschter. Zwee Joer spéider hun mir “Coupe FLTT” gewonnen.

Am Joer 1999 ass eis Jeunes Equipe Vizelandesmeeschter ginn.

Eis Damen Equipe ass am Joer 2001 an d’Nationaldivisioun gestiegen, a sie waren eng vun de bëschtenaus dem Land. Während deem d’Häeren an der Éierendivisioun gespillt hunn, ënnert anerem de Fabio SANTOMAURO, deen et als eenzege Spiller gepackt huet Nationalspiller bei den Häeren ze ginn.

Aus den eegenen Reien hunn mir den Fabio Santomauro als lëtzebuerger Nationalspiller eraus kritt, deen haut nach zu deenen Bëschten lëtzebuerger Spiller zielt. Par Equipe hun mir mat den Senioren an der zweet heeschter Divisioun gespillt. (Fabio SANTOMAURO, Gast SCHMIT, Georges FREICHEL, Marcel SAUBER, Nico THOMA, Yves ZAHLEN)

Ufanks 2000 hunn eis Damen zu de Bëschten Damenéquipen aus dem Land gezielt. Gespillt haaten déi Zäit: Romaine SCHAUS, Alice NILLES, Erika HEUKER an Tanja THILGES. De Landeskongress haaten mir fir eisen 40. Anniversaire organiséiert.

An der Fédératioun hunn och Memberen aus dem Veräin mat gemaach. De Pierre FREICHEL, haut nach Membre d’honneur an den Dan DAX, deen e puer Joer hei zu Biwer gespillt hat.

Nodeems eng Rei Spiller den DT Biwer verloos hatten, gouf am Joer 2007 beschloss een Neiufank mat villen Jugendlëcher ze starten.

2010 hunn mir eise 50. Gebuertsdag gefeiert. Bis zum 50. Jubiläum ass et eisen Equipen gelongen nees Bierg op ze goen.

2011/2012

Mir hunn mat 5 Equipen am Seniors Championnat gespillt a mat 3 Equipen am Cadets Championnat. Déi éischt Equipe vun de Senioren steigt an déi 3. Divisioun op.

2012/2013

De 27. Oktober huet de Biwer Dëschtennis eng Porte Ouverte organiséiert, wou interesséiert Leit konnte probéiere kommen. Mir hunn mat 4. Equipen am Seniors Championnat gespillt, a mat just enger Equipe am Cadets Championnat. Eis éischt Equipe am Championnat Seniors ass an dëser Saison nees eng Divisioun méi héich gestiegen, a spillen déi nächst Saison an der 2. Divisioun.

2013/2014

De Fränz Winkel kënnt op Biwer fir déi 1. Equipe an der 2. Divisioun ze ënnerstëtzen. De Michel Delleré kënnt vun Gréiwemaacher op Biwer, fir déi 2. Equipe ze ënnerstëtzen.

2015/2016

Mir hunn aktuell 30 Memberen am Veräin, dovun sinn 22 aktiv Spiller. 

Am November 2015 hunn mir e Stage mat eisem Trainer, Evgheni Dadechin organiséiert.

De Gaston Schmit gëtt Regionalmeeschter an der Katégorie B2/B3.

D’Firma Köhl & Luxelec sponsert eis nei Joggingen an d’Firma Reis und Neumann sponsert eis Jacketen.

2016/2017

Mir hunn 51 lizenzéiert Memberen am Veräin, dovun 37 Spiller.

De Santomauro Fabio kënnt fir eng Saison a säin Heemeschtsveräin zeréck, fir déi 1. Equipe ze ënnerstëtzen!

Biwer 1 steigt an déi 1. Divisioun op, Biwer 2 an déi 3. Divisioun op, Biwer 3 bleiwt an der 4. Divisioun an Biwer 4 a Biwer 5 spillen weider an der 5. Divisioun.

Den 2. Oktober 2016 organiséiert de Veräin den 1. individuellen Tournoi.

Am November 2016 gëtt de Fernand Weyer vun der Gemeng fir 25 Joer Comités Member geéiert. 

Am Dezember 2016 huet de Biwer Dëschtennis seng eegen App entwëckelt.

Op der Regionalmeeschterschafft, den 29. Januar 2017 ass de Gaston Schmit d’Chamion de l’Est an der Kategorie B2-B3 ginn.

Den 19. Februar waren e puer vun eise Spiller op der Landesmeeschterschaft vum Dëschtennis aktiv. D’Weyer Laura Laura an d’Schmit Elfie vun Ouljen hunn eng 2. Plaatz am Double Dames C gemaach. De Weyer Tom an de Lolaico Luciano hunn eng 3. Plaatz am Double Herren B gemaach an de Santomauro Fabio mam Arlindo vun der Union hunn eng 3. Plaatz am Double Herren A gemaach.

2017/2018

De Veräin huet 51 lizenzéiert Memberen, dovun 5 Fräizäit, 12 Moniteur a 34 Spiller.

Zu dësem Zäitpunkt huet de Veräin vill Jugendspiller, a jeweils een Trainer fir Dëndes an Donneschdes. Dënsdes Training mam Ben Reuter an Donneschdes Training mam Nandor.

Biwer 1 huet 34 Punkten a steet domat op der 5 Plaatz.

Biwer 2 huet 42 Punkten a steet op der 4 Plaatz.

Biwer 3 huet 32 Punkten a steet op der 3 letzter Plaatz a bleiwt awer an der Divisioun dran.

Biwer 4 huet 15 Punkten a sinn op der 4 letzter Plaatz

Biwer 5 huet 11 Punkten a stinn op der 6 Plaatz

Biwer 6 huet 13 Punkten a stinn op der 5 Plaatz

Am Coupe Challenge vun der Féderatioun huet Biwer 2 et bis an ½ Final gepackt a leider 2:5 géint d’Bäerbuerger verluer. Et war eng spannend Coupe gewiescht.

Mir kréien de 14. Oktober nei Trikoten gestëft vun der Firma HUSStec.

Am November ass eis 1. & 2. Equipe op der Sportleréierung vun der Gemeng geéiert ginn.

Den 28. Januar huet de Michael Neu eng 2. Plaatz op de Regionalmeeschterschaften an der Kategorie Véteran gemaach, an de Haston Schmit eng 3. Plaatz.

2018/2019

Aktuell sinn 57 Memberen an eisem Club, déi eng Lizenz hunn. 6 Fräizäit, 14 Moniteur, 37 Spiller

Mir hunn nees mat 6 Equipen am Champ. Seniors gespillt

Divisioun 1 am Distrikt 3 steet Biwer 1 op der 7. Plaatz mat 36 Punkten

Divisioun 3 am Distrikt 6 steet Biwer 2 op der 6. Plaatz mat 31 Punkten

Divisioun 4 am Distrikt 8 steet Biwer 3 op der 7. Plaatz mat 34 Punkten

Divisioun 5 am Distrikt 7 steet Biwer 4 op der 6. Plaatz mat 32 Punkten

Divisioun 6 am Grupp AZ steet Biwer 5 op der 5 Plaatz mat 17 Punkten

Divisioun 6 am Grupp BZ steet Biwer 6 op der 4 Plaatz mat 17 Punkten

De Veräin kann ganz zefridden sinn mat de Resultater, wëll keng Equipe aus senger Divisioun gefall ass.

Mir sinn houfreg fir d’éischt en A3 Spiller am Veräin ze hunn. Dem Luciano Lolaico ass et gelongen op A3 opzesteigen.

Eis Dammen waren um Ladies & Girls Day vertrueden. D’Alice huet eng 3. Plaatz gemaach gehat an d’Sophie eng 1. Plaatz an hierer Catégorie. D’Alice war och nach emol um 2. Ladies & Girls Day gewiescht, wou et och eng 3. Plaatz am C2 gemaach huet.

Am November hunn e puer Memberen zu Gréiwemaacher um Tournoi vum DT Gréiwemaacher deel gehol. De Biwer Dëschtennis huet eng 1. Plaatz gemaach an domat de Challenge Baumeister Haus gewonnen.

Am Januar waren och eng Rei vun eise Spiller op der Regionalmeeschterschaft zu Berbuerg vertrueden. Eise Champion de l’Est an der Catégorie D2/D3 ass den Tobias Scharf.

Am Februar waren d’Landesmeeschterschaften am Dëschtennis gewiescht. Eis Alice huet zesummen mam Claudine CILLIEN vun Nouspelt Doubel gespillt a sie hunn eng gudd 2. Plaatz am Double Dames C gemaach.

2019/2020

Mir hunn mat 5 Equipen am Seniors Championnat gespillt.

• Biwer 1 huet an der 1. Divisioun gespillt a stung nom 15. Spilldag op der 4. Plaatz mat 34 Punkten

• Biwer 2 huet an der 3. Divisioun gespillt a stung nom 15. Spilldag op der 2. Plaatz mat 41 Punkten

• Biwer 3 huet an der 4. Divisioun gespillt a stung nom 15. Spilldag op der 7. Plaatz mat 27 Punkten

• Biwer 4 huet an der 5. Divisioun gespillt a stung nom 15. Spilldag op der 9. Plaatz mat 22 Punkten

• Biwer 5 huet an der Hironn an der 6. Divisioun (Dis. 4) gespillt a stung nom 8. Spilldag op der 7. Plaatz mat 14 Punkten. An der Rëckronn huet déi 5. Equipe an der 6. Divisioun (Dis. 6) gespillt a stung nom 6. Spilldag op der 6. Plaatz mat 12 Punkten

Duerch de Covid-19 konnte mir eis Matcher an der Rëckronn nët färdeg spillen. Et wieren nach 2 Matcher ze spille gewiescht. D’Féderatioun huet soumat de Championnat an der Corona Pandemie ofgebrach.

Den 28. September, pünktlech um 1. Spilldag sinn mir vun der Firma Leon Weiwers s.àr.l. mat neie Joggingen agekleet ginn. 

Samsdes, den 2. November 2019 hunn mir eis 1. Mullefest zu Biwer am Fancy organiséiert, wat e grouße Succès war. D’Mulle goufe präparéiert vum David (Domaine de Mujolan), deen außerdem och säi Wäin do verkaaf huet. Fir flott Stëmmung am Sall huet d’Lisa Mariotto gesuergt.

De 15. Januar 2020 hunn mir eis 60 Joer kritt.

2021/2022

Den 2. Oktober 2021 huet eis de Grënnungsmember a Président d’honneur Kremer Roger verlooss.

Am März hunn mir no 2 Joer Paus duerch d’Corona Pandemie nees e Clubchampionnat organiséiert. Mir behaalen d’Coupe vum Président d’honneur „Roger Kremer“ an Erënnerung no sengem Doud. Eng nei Coupe kritt den Dëschtennis Biwer gesponsert vum Weber vun Marnech. D’Aline Wagner gëtt Clubmeeschterin a kritt fir d’éischt déi nei Coupe, déi d’Aline während engem Joer därf doheem haalen.

No der Covid Pandemie huet de Veräin den 2. Juli e Summerfest am Fancy organiséiert.

2022/2023

D’Firma Husting & Reiser sponsert eis nei Jacketten an d’Firma Husstec huet eis mat neien T-Shirten agekleed. Eng offiziell Iwwerreechung gouf am Dezember viru Chrëschtdag gemaach.

Präsidenten vum Biwer Dëschtennis

1960 – 1985 Roger KREMER (†)

1985 – 1999 Pierre FREICHEL

1999 – 2003 Armand RECH

2003 – 2005 Gaston SCHMIT

2005 – 2019 Fernand WEYER

2019 – 2020 Luciano LOLAICO

säit 2020 Kevin THEIS