MARCHE GOURMANDE AN DER GEMENG BIWER
De Biwer Dëschtennis organiséiert e kulinareschen Trëppeltour vun +/- 12 km mat 5 Statiounen. Den Départ an d’Arrivée sinn am Centre Culturel „Fancy“ zu Biwer
All Départ muss tëschent 10.00 an 10.30 Auer gemaach ginn.
Umelle kann ee sech bis de 7. September.
Kanner bis 12 Joer – 30€/Persoun
Erwuessen ab 13 Joer – 60€/Persoun
MENU
1. Statioun:
Accueil mat Kaffi a Kaffiskichelcher vum Peschong
2. Statioun:
Apero-Häppchen vun der Brasserie Monkel mat Apéritif* (Crémant vum Schumacher)
3. Statioun:
Päella mixte oder vegetaresch mat Wäin* vum Schlink oder Schumacher
4. Statioun:
Kéisteller a roude Wäin Degustatioun* (Domaine viticole Schlink, Domaine viticole Schumacher, Weingut Schmitz, an e franséische Wënzer
5. Statioun:
Dessert a Kaffi
*Alternativ 1 Béier oder 1 Softdrink
Zousätzlech Gedrénks op de Statiounen gëtt um Schluss vun der Wanderung am Fancy bezuelt.
D’Umeldungen fir eis Marche Gourmande sinn eriwer. Merci fir Ärt Verständnis.